5 Nationen Cup 2026


Participatiounsbedingungen
De Cup leeft iwwer dräi Joer (2024, 2025 an 2026). Et ginn zwou Varianten: Route 666 an Route 333.
Bei der Route 666 mussen am Ganze mindestens 666 km zeréckgeluecht ginn. Nëmme Strecken ab Marathon-Distanz ginn ugerechent.
Bei der Route 333 mussen am Ganze mindestens 333 km zeréckgeluecht ginn. All Streckenlängte ginn ugerechent.

Fir béid Varianten ass et Viraussetzung, datt an op d'mannst dräi verschiddene Länner jeeweils un enger Manifestatioun deelgeholl gëtt. No der Bezuelung vun der Participatiounsgebühr kritt de Participant e Wäertungsheft fir de Cup, an deem bei de jeeweilege Manifestatiounen déi erreechte Kilometer agedroe ginn.

Fir d'Participanten, déi un allebéid Routen deelhuelen, gëtt et eng Super-Cup-Wäertung vu 999 km. Dozou si zwee Participantspäss néideg. Um Enn vum Cup entscheede déi erreechte Kilometer iwwer d'Auszeechnung.

Auszeechnungen
Urkund mat Opnäer-Badge. Bei der Participatioun un op d'mannst enger Manifestatioun an all fënnef Länner gëtt et eng speziell Auszeechnung.

Participatiounsgebühr
15,- € pro Variant a pro Participant.